Le mot du Président

Le mot du Président

Virwuert

Dësen Hierscht geet de BC Mess a seng 50. Saison!

50 Joer BC Mess ass eng Geschicht, déi sech vum Palmarès hir relativ kuerz liest: eemol Champion bei den Dammen, eemol Vice-Champion bei den Hären. Mee dëst ass net d’Geschicht vum BC Mess.

 

Mir kréien haut – no 50 Joer Existenz- reegelrecht d’Bud agerannt vu Kanner, déi wëlle Basket beim BC Mess spillen. Déi Jonk wore schonns ëmmer de groussen Atout vum BC Mess, wéi sech aus de sëlleche Champions-Titelen a Coupe-Victoiren am Jugendberäich ofliese léist. Mee dëst eleng ass och net d’Geschicht vum BC Mess.

 

D’Geschicht vum BC Mess ass vill méi wéi just Resultater. De BC Mess ass virun allem vu je hir eng grouss Famill, an engem Geescht, deen e puer Verwenter vum Basket am Joer 1967 an d’Liewe geruff hunn. Hir Passioun huet de Grondstee geluecht fir dee wonnerbare Veräin, deem ech haut als President d’Éier hu virzestoen.

 

D’Geschicht vum BC Mess ass awer och eng Geschicht, déi just geschriwwe konnt ginn duerch den Engagement vu motivéierte Spillerinnen a Spiller, qualifizéierten Traineren, generéis Sponsoren, treie Supporteren, ënnerstëtzend Gemengenautoritéiten a passionéierten an idealistesche Comitésmemberen.

 

D’Geschicht vum BC Mess ass eng Geschicht, déi 1967 hiren Ufank fonnt huet an nach vill schéi Kapitele wäert schreiwen.

 

Vive de BC Mess!

Guy Thinnes

President BC Mess